Youth Goes Vintage Lycée Bel-Val

Leschten Samsden, den 8. Juni, hat den Lycée Bel-Val op hiren éischten Youth Goes Vintage invitéiert. D’ Equipe vum Lycée hat an Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun en Event op d’ Been gesat den zum Zweck hat, déi mei jonk Generatiounen fir déi zwee- oder véierriedereg Old-an Youngtimer ze begeeschteren.

Bei schéinstem Summerwieder ass et Moies um 10 Auer lass gaang an den schéinen Site, den sech besonnesch gudd fir Manifestatiounen vun dësem Genre eegent, huet sech och séier gefëllt.

Och d’AMAL war mat engem groussen Stand vertrueden an ass doduerch am Laf vum Dag bei Jong an e bëssen manner Jonk op reegen Interêt gestouss.

Interessant war awer och d’ Porte -Ouverte vun den Mecaniques-Atelier’en, wou een en flotten Abléck an d’ Ausbildungen vun  den zukünftegen Carrossier ’en, Mecanicien ‘en an Mechatroniker kréien konnt.

D’AMAL seet den Organisateuren vun dësem Flotten EVENT merci an freet sech schonn op eng nächst Editioun. 

Weider Biller vum Dag fannt Dir an der folgender Gallerie:

« of 28 »

Leave a reply