Vintage Cars & Bikes Steinfort 2024

Och dëst Joer hat d’AMAL erëm en Stand um Vintage Cars & Bikes. Samsdes, den 3. August haten mer bei agreabelem Summerwieder en klengen Display vun Virkrichs-Maschinnen an och enger Pionéier-Maschinn vun 1907 niewent eisem Zelt opgeriicht. En vun eisem Memberen hat esouguer eng al Dréiuergel matbruecht, déi Grouss an Kleng mat hiren 6 verschiddenen Melodien begeeschteren konnt.

Sonndes, den 4. August, war et dann mol erëm eng Kéier un engem Moto-Tour vun der AMAL, den d’ läscht Joer wéinst dem miserabelen Wieder ausgefall war. Och dëst Joer huet et Ufanks no engem Tour am Naassen ausgesinn, mee den Reen huet awer nogelooss kuerz nodeem den Tour um 13h bei eis um Stand fortgaangen ass. Ënnert der Leedung vum Mike Koedinger sinn d’ Participanten iwwert eng 60-70 Kilometer duerch d’ Land gefuer ier se géint 15h30 erëm zu Stengefort ukomm sinn.

D’AMAL seet den Organisateuren vun dësem Event merci an och den AMAL-Memberen, déi eis iwwert den Weekend um Stand besicht hunn an besonnesch deenen, déi och eng Hand mat ugepak hunn.

Mei Biller vum Weekend gëtt et an der Galerie hei ënnendrënner:

« of 23 »

Leave a reply