Tour de Provence 2024

Am August dëst Joer hunn op en Neits e puer AMAL Memberen um Tour de Provence pour Motos Anciennes deelgeholl. Dësen Tour, fir Motorrieder virun 1945, huet vum 21. bis 25. August  zu Senas am Süden vun Frankräich stattfonnt. 

Organiséiert fir déi 33. Kéier vum Moto Club Sénas Durance, ass den Tour de Provence fir seng aussergewéinlech schéin Streckefeiereung bekannt. Iwwert fënnef Deeg sinn insgesamt ronn 1000 Kilometer zeréckgeluecht ginn, dat alles ob Dagesetappen vun duerchschnëttlech 200 Kilometer.

Dës Editioun vum Tour de Provence goung duerch den Département Alpes de Haute Provence. Am ganzen 91 Persounen sin op 76 Motorrieder bei schéinem Wieder an angenehmen Temperaturen iwert Col’en an duerch Schluchten gefuer.

Déi 33. Editioun vum Tour de Provence war vollen Erfolleg mat enger Rekordunzuel un Participant’en. Et schéngt, wei wann d’Tier fir aal Motorrieder lues an lues un Popularitéit göingen zouhuelen. 

Fir dei, dei bei daer nächster Editioun wëllen dobäi sinn, geet et hei op d’WEBSITE vum Moto Club du Senas.

Hei ënnendrënner kënnt der Iech duerch d ‘Galerie vun den Biller klicken…

« of 29 »

Leave a reply