D’AMAL op der World Ducati Week zu Misano

Den Pit an Mikel (AMAL Member) haten och dest Joer erëm 3000 km Stummel fueren op sech geholl, fir d’WDW um Circuit zu Misano ze besichen. Wat huet dat mat “alen” Motorrieder ze dinn? Ganz einfach: Sie waren ënnerwee op enger TT1 Replica. - (den Moto den ënner anerem vum legendären Tony Rutter an den 80er gefuer ginn ass) - an mat enger 916, déi des Joer offiziell mat 30 Joer zum Oldtimer ginn ass.

D'2024 Editioun vun WDW war dofir voll am Kader fir den 30. Anniversaire vun der Ducati 916 ze feieren, eng Sportsikon déi Ducati seng Geschicht staark markéiert huet.

Den Mikel, den seng 916 schonn fir d‘ zweete Kéier bis op Misano gefuer huet, hat dofir de Privileeg fir als Protagonist eng Rei vun Initiativen ze erliewen, déi des Joer als Hommage un dës Sportsikon organiséiert goufen.

Seng 916 ass vum Paulo, een vum Mikel sengen bescht Kolleegen, de virun Joren mat engem Hiereschlag gestuerwen ass.


Et gouf eng Ausstellung "Celebrating an icon: 30th Anniversary 916" mat Affichage vun den 916, 996, 998 Modeller. Eng ganz Rei vun “Championship winning bikes” vum Carl Fogarty, Troy Bayliss and Troy Corser waren ausgestallt.

Als Highlight gouf et fir de Mikel eng “Parade Lap” op dem Misano Circuit mam Carl Fogarty an Troy Bayliss. an eng 20 min Track session vun nëmmen 916 / 996 / 998 mat race speed .

Dat Ganzt gouf offiziell dokumentéiert mat engem exklusiven holographesche Sticker fir d'916 an d’ Participatioun un dësem Event.

Ofschléissend gouf et nach eng dediéierten VIP Terrass fir d’ Participanten vun dëser Initiativ fir zesummen mam Troy, Carl, Regis Laconi, Ruben Xaus and Charlos Checan den Lenovo Race of Champions ze kucken.

Den Event wor een vun den villen Highlights vum Summer 2024. Et konnt en do natierlech och déi nei Motorrieder onroad an offroad test fueren, wat den Mikel och wei all Joer ausgiebesch gemaach huet.

Esou vill 916 Modeller owes ze Misano, Cattolica and Riccione ob den Stroossen ze gesinn war mega an huet un d’90er Joren erënnert.

Leider gëtt awer d’ Zuel vun den richteg allen Kinnekswellen op all Event manner. Déi meescht stinn haut an der Stuff oder am Musée.

Groussen Merci un den Pit mat der TT1, dat hien ëmmer nach jonk genuch ass fir mat ze fueren!

« of 7 »

Leave a reply