D'AMAL bei der Route des Légendes

“La Route des Légendes” gouf den 28ten September 2024 organiséiert fir d’Route vun den Pionéier vum Paris-Dakar vun Versailles op Sète nozefueren. D'Editioun “La Route des Légendes 2024" ass iwwert eng legendär Strooss gangen, fir d'Freed vun den Participants an dem Public: déi mythesch RN20 ! Et gouf zum Schluss eng sonneg Arrivée an der Hafenstaat Sète am Südosten vu Frankräich. 

Fir all déi, déi an de Spuren vun den Dakar-Pionéier gefollegt sinn, war den Départ géint 8 Auer virum Château de Versailles. Vill vun den Autoen an Motoen aus dem Paris-Dakar vu fréier hu bei der Rally vun 950 km matgemaach, mat Etappen an grousse Stied - an zwou Off-Road-Strecken. D'Strooss goung vun Orléans (CP an Etapp TT), Châteauroux (Iessen), Compreignac (CP an Etapp TT) Brive la Gaillarde (Etapp 1. Dag), Montauban (Iessen), Toulouse (CP), Carcassonne (CP) an d'Arrivée zu Sète.

D'Evenement war zur Erënnerung un déi franzéisch Dakar-Helden vun 1978, wéi Auriol, Neveu, Vassard, Comte, Martine de Cortanze, Martine Rénier, Rigoni, Rahier, Rigal ... oder Fenouil. Fenouil ass eng vun de Legenden vun Paris-Alger-Dakar, Abidjan-Nice an den Rallye vun de Pharaonen. Eisen Pascal hat e grousse Succès andeems hien eng Replica vum Fenouil senger Kawasaki aus den fréieren Deeg gebaut huet. De Cony huet nach méi Respekt verdéngt well hien dat Monster bis op Sète gefuer ass.

Vill vun den aalen, bekannten an unerkannten Marken, déi den Dakar an den éischten Deeg gesponsert hunn, waren erëm um Liewen: Oasis, VSD, Texaco, Rothmans, Elf, Facom, RTL, Africatours, Uniroyal, Total, Michelin, Camel, Yamato, le Point , Paris Match, Europe 1, New Man, Pastis 51, Pionneer, Pazifik, Olympia, Le point, Nikon, Gauloise, Gitanes, Lucky Explorer... Si all haten hiert Bild mam gréissten an haardsten Rallye vun der Welt verbonnen. De Mikel huet sech op d’Dakar Moto-Guzzi vun 1979 gefreet. Dei sollt do sinn, awer leider war se net do.

Homologéiert fir d'Route des Legendes waren Autoen a Motorrieder, déi tëscht 1975 an 1997 um Paris-Dakar deelgeholl hunn. Dëst beinhalt richteg Dakar-Motorieder, awer och all Stroosse-Motorieder an authentesch Repliken vun där Zäit. E puer méi nei Motoen goufen als Supporter Motoen akzeptéiert, awer déi meescht vun den deelhuelende Gefierer waren wirklich aus der Zäit.

De Start war Samsdeg, den 28ten September 2024, am fréie Mueren zur Dämmerung. Déi éischt Etapp, gung op Brive-la-Gaillarde, op der Streck vun der éischter Paris-Dakar, der N20, duerno duerch Orléans, Chateauroux a Limoges, ier mir Brive erreecht hun. Um Sonndeg war déi zweet Etapp, Richtung Cahors, Montauban an Toulouse, virun der Arrivée am Hafen vu Sète. Vun do aus, ass an der Zäit vum éischte Paris-Dakar, d'Fähr fir d'Kräizung vum Mëttelmier a Richtung Alger gefuer.

Et war een Revival vum richtegen “Aventure”, mat der Chance e puer Motoen an Autoen vun den éischte Paris-Dakar Deeg ze bewonneren.

Trotz e puer klengen Problemer, huet ët dat ganzt AMAL-Team op d'Arrivée gepackt: Dem legendäre Fenouil-Moto, dee vum Cony gefuer gouf, ass zweemol den Benzin ausgangen, an den Moto huet um eischten Dag déi ganz Vergaser Batterie ennerwee verluer. Dem Pascal säi Morini, dee vum Thierry gefuer gouf, huet um zweeten Dag eng Rëtsch Ueleg verluer. Dem Alex seng Honda huet scho mat engem net funktionéierenden Regler ugefaangen, a well hien dem Georges net wollt nolauschteren an hien nach ëmmer den Elektrostarter benotzt huet, huet hien den 2ten Moien missen ugedrekt gin. Dem Mikel seng Elefant huet eng Bremsplak vun der Réckbrems verluer. Et konnt awer alles iergendwéi op der Strooss gefléckt ginn. Den Elefant huet et ouni Problemer op d'Arrivée gepackt, awer den Elektrostarter as den Moien drop verbrannt. 

Résumé: All AMAL Memberen hunn et bis an den Ziel gepackt, awer nëmmen dem “King Georges” seng XT haat guer keng Probleemer während der ganzer Rees. Alles an allem war et een top Event an mir kommen bestëmmt nach eng Kéier rëm… dann awer mat der Elefant 350. 

Et gouf och well Rümeuren iwwer eng Etapp an Nord Afrika. Dat wär natierlech den Glanz!

« of 47 »

Leave a reply