AMAL Tour op den 'Ons Heemecht am Krich'

Den Weekend vum 6. an 7. Juli hat d’Quadriga, d’Luxembourg Historic Military Vehicle Collectors, zesummen mat der Aernzdallgemeng an der Gemeng Waldbëlleg, op hiren Event „ Ons Heemecht am Krich. 80 Joer duerno “ agelueden.

Zu Savelborn, um Grewenhaff esou wie um Kelleschhaff konnt en Andréck gewannen, wei den Amerikaneschen an och den Däitschen Zaldoten hiren Alldag  virun 80 Joer ausgesinn huet, wie déi kleng Uertschaft Savelborn mëtten am Krichsgebidd louch.

Mat Militär Gefierer konnt en sech tëscht deenen verschiddenen Site ’en hin an hier fueren loossen. Zu Savelborn selwer hat d’Quadriga mat ganz vill Léift zum Detail en Lazarett, en Schlof Sall, en US Headquarter, en Funk Raum an och en Nachschublager opgeriicht. Memberen vun der Quadriga waren op der Plaz fir den Visiteuren interessant Erklärungen zu deenen jeeweilegen Exponaten ze ginn.

Um Grewenhaff ass an engem Feld en Bunker nogebaut ginn, an dem sech deemools zu Krichszäiten en Grapp Lëtzebuerger Jongen wärend e puer Méint verstoppt haten fir der däitscher Zwangsrekrutéierung ze  entgoen.

Um Samsden haten sech dann och e puer AMAL Memberen zesummefonnt fir ënnert der Leedung vum Pascal Petitjean en flotten Tour bis op Savelborn ze maachen. 

D’AMAL seet der Quadriga merci fir d’ ausriichten vun dësem ganz flotten Event, bei dem mer alleguer nach eppes bäigeléiert hunn.

Weider Biller hei ënnendrënner an der Galerie…

« of 29 »

Leave a reply