Restauratioun Harley-Davidson WL

Den Een oder Aneren vun iech huet meng feierrout, 1946er Harley Davidson WL jo schonn vläicht emol op engem Tour oder enger Ausstellung vun der AMAL begéint. Hei dann elo eng kleng Wanter-Geschicht déi erzielt, firwat elo eng Operatioun um oppenen Häerz vun der aler Madame néideg ginn ass.

Kaaft hat ech den Huwwel am Wanter 2021 no enger dach laanger Sich: et huet nämlech missten eng reell Zivil-Maschinn sinn (WL) an keng ëmgebauten, sougenannten „ziviliséiert“ Militär Maschinn (WLA oder WLC). Des weideren hunn fir mech d’ Nummeren vum Motor an Kader missten stemmen an et sollten och wann méiglech nach déi original Gafel an déi original Tänk (jo Tänk; lenks ass nämlech den Bensinn dran an riets den Ueleg) drop sinn.

Nodeems déi passend Maschinn dann an der Garage stoung ass se zerluecht ginn fir dass se och an Zukunft géing den opteschen Virstellungen entspriechen. Sie ass an dem originalen an (bal) Period korrektem Harley-Davidson Flight Red nei lackéiert ginn (psst, net weider soen: Race Red vun aktuellen Ford Mustangen ass genau den selwechten Roudtoun an mecht d’ Saach Punkto Lackéieren an Korrektur Stëfter vill méi einfach), krut 16 Zoll Rieder, en komplett neien Kabelbaam an esou wieder. Motor an Boîte hunn uerdentlech fonctionéiert an sinn ofgesinn vun engem neien Vergaser, e puer Klengegkeeten an no enger Kontroll am Kader bliwen.

Wärend annerhallwer Saison an ca 5500km ass meng WL dann och tip top gelaf an huet net den geréngsten Problem gemaach. An dunn, géint Mëtt vun der Saison 2023 sinn d’Schererien awer lass gaang an hunn mech dorops hin och esou munnecht vun mengen schonn rar geséinten Hoer vum Kapp kascht.

Sie huet nämlech onvermëttelt wärend dem Fueren staark Zündäussätzer krut. Et war net wierklech en Schema hannendrun ze erkennen. Mol huet se keng Problemer gemaach, mol huet se no 5km ugefaang, mol no 120. Heiansdo huet se mat enger neier Bougie erëm fonctionéiert, heiansdo och net. An deenen follgenden Méint hunn ech et mat direkt e puer neien Zündspulen probéiert, no dem Alternator gekuckt, den kompletten Kabelbaam nokontrolléiert an ëmmer erëm d’ Zündung selwer kontrolléiert. Mee nee, mol ass d’S.. gaangen, mol einfach net. Nodeems dann an dësem Joer och nach bei engem Vidange Metall Stecker aus dem Carter gefall koumen, déi do guer net hin gehéiert hun war kloer: den Motor muss op!

Nodeems den Motor dunn bis eraus an zerluecht war wousst ech net esou richteg, ob ech mech freeën oder kräischen sollt. Freeën op der enger Säit, well den sougenannten Bottom End vum Motor, dh. déi zwou Geheis-Hallschenten, d’ Kurbelwell, d’ Nockewellen, Stéissel etc an engem ganz uerdentlechen Zoustand waren an bis op en puer nei Béchsen, zwou Reparaturen un den Befestegungspunkten vun dem Geheis an e puer weideren Klengegkeeten net allze vill Aarbecht an Geld wäerten kaschten.

Beim sougenannten Top End, also den Zylinderen, den Kolwen, den Ventillen an Fiederen gesäit d’ Saach dann awer schonn anescht aus. Mäin Zündungsproblem, den mech iwwert déi läscht 1000km ëmmer erëm fräcken gedoen huet, huet sech als eng gebrachen Ventil Fieder erausgestallt. Well d’ Ventil Fiederen bei der Flathead an enger Hüls lafen, konnt déi gebrachen Fieder net allze vill aus der vertikaler Achs geroden, wouduerch dass se mol duerch Zoufall heiansdo richteg stoung an mei oder wéineger fonctionéiert huet an heiansdo awer och aneneen verdréint war, esou dass näischt gaangen ass. Schéinen Schäi...! Déi béis Iwwerraschung sollt dann awer bei den Zylinder an Kolwen kommen...

D’ Harley-Davidson 45 cui Flathead Zylinderen kënnen op bis zu 9 Iwermoossen opgebuert ginn, dh et gëtt bis zum 9. Iwermooss Kolwen mat passenden Kolwenrëng vun der Factory selwer. Et ass also genuch Fleesch un den Zylinderen mee wat un Iwermooss driwwer geet gëtt als riskant ugesinn. Wann ech dann elo déi Iwermoossen op rechnen an mat der Buerung vun mengen Zylinderen vergläichen, dann sinn meng Zylinder beim... 15 Iwermooss gewiecht! Amplaz vun den originalen 745ccm hat se der esou 805ccm. Wann d’Luucht richteg gefall wier hätt ech warscheinlech d’ Zeitung kéinten duerch meng Zylinder Wänn liesen.

Dësen ganzen Malheur ass mat zwee original Kolwen vun enger Indian Sport Scout, ca. 1940, gekréint gewiescht. Well dëst awer nach net genuch Sauerei as, huet sech bei engem vun deenen zwee Kolwen och nach iergendwann en Kolwenbolzen Clip geléist an zwee schéin Krateren an den souwisou schonn pabeierdënnen Zylinder Wänn hannerlooss. Fazit: Den gesamten Top End muss nei! Ei ei ei...

Elo muss een wëssen, dass vun der 45cui HD Flathead am ganzen bal 100.000 Stéck gebaut ginn sinn (Militär an Zivil) an nach eng Kéier Ersatzdeeler fir ca. 30.000 Weiderer. Well d’ Maschinn jo och fir d’ US-Arméi am 2. Weltkrich gebaut ginn ass an d’Yankees d’Gewunnescht haten, hiert ganzt Material no engem Krich einfach op der Plaz ze loossen, ass och haut nach d’Ersatzdeelsituatioun guer net esou schlecht hei an Europa (déi eenzeg Harley, wou den Ersatzdeel Maart besser bei eis ass wei an den USA). Et gëtt esouguer 80 Joer duerno nach eng Rei un NOS Stécker an der originaler Verpackung an ganz villes gëtt och an mol méi oder manner gudder Qualitéit reproduzéiert.

Villes, mee leider net alles. An wat gehéiert net dozou? Richteg! Zylinder!

No e bëssen hin an hier hunn ech et dunn awer fäerdeg bruecht, een vun deenen allerleschten NOS Front Zylinder ze ergatteren esouwéi een Reproduktiouns-Zylinder fir hannen (och daer sinn esougudd ewéi keng mei opzedreiwen). Elo kennt an deenen nächsten Deeg nach eng Kéier eng grouss Bestellung un weideren Stecker an d’ Haus. Wann en elo schonn komplett zerluecht ass, dann soll den Motor och duerno an engem Top-Zoustand erëm agebaut ginn. Dowéinst ginn och Saachen erneiert, déi nach net un der Limite sinn. Et muss en seng Suen jo iergendwéi ënnert d’Leit bréngen...

Esoubaal et mam Motor weider geet kënnt dir mäin Leidenswee dann och hei op eiser AMAL-Website weider verfollegen...

Leave a reply