D'AMAL um SEEKERRAID 2000 - Editioun 2024

En Member vun der AMAL, den Steve Koch, as bei der dësjähreger Editioun vum Seekerraid 2000 matgefuer. Hei seng Andrëck vun der Rallye:

Desen Summer hun ech um SeekerRaid a Bosnien an Montenegro deelgeholl. Daat ass een „Adventure Raid“ mat zu iwwer 80% Offroad fiir Motorieder dei virun 2000 gebaut goufen. Ech sen mat menger DR650 vun 1992 matgefuer, die haat ech e bessen „prepareiert“ (mei kuurz iwwersaat, nei Fiederungen well ech mer bewosst woor dat den Terrain dohannen mei „rauh“ ass ewei hei).

Den Raid selwer ass iwwert 6 Deeg gaangen mat ronn 1000km Gesamtstreck. Emt d’Iessen a Schloofen huet een sech missen selwer kömmeren. Den „basecamp“ woor all Keiers op engem Camping, ech selwer an och aanerer hun awer ausserhalb an „festen“ Strukturen geschloof.Start an Ziel woor zu Konic (ronn 60 km südlech vun Sarajewo) am Hotel Garden City (1. An lescht Nuecht am Hotel/Appartement wooren am Prais abegraff.)

Sonndes 21. Juli goung et lass mat den Aschreiwungen wou jiddereen een obligatoreschen GPS-Tracker an den Sticker mat senger Startnummer kruut. Et konnte e sech och bai den Fotografen (fiir e Supplement) aschreiwen fiir Fotoen vun sech selwer während dem Raid gemaach ze kreien. Owes woor dun ewei all Daag duerno den Briefing wou een d’Streck vum nächsten Daag erklärt kruut (besonnesch schein Plaazen, gefeierlech Plaazen, Tankstellen .. etc)

Meindes 22. Juli: vun Konic op Stolac (alles nach Bosnien), 137km

Den 1. Daag woor dest Joer mei liicht wie die Joeren virdrun, e gudden Deel un offroad ouni schweier Passagen. Do huet Bosnien mech schons mat sengen Landschaften iwwerrascht. Mee et woor waarem …. A well den Raid net Chronometriert woor konnt ee stoen bleiwen wou a weini ee wollt. Just den Depart sollt een tescht 8 an halwer 9 maachen an virun 19 hr nees am Basecamp ukomm sen. Waat mei ewei genuch Zait woor fiir die Strecken ze fueren.

Densden 23. Juli: vun Stolac (Bosnien) op Pluzine (Montenegro), 205 km

Den 2. Daag ass et dun eriwwer an den Montenegro gaangen, iwwert grenz mat Passkontroll an Pabeieren vum Moto.
A kuurz hannert der Grenz dunn och nach e Platten (e Nool). Um Raid muss een e Platten selwer flecken koennen, hieren „Dépannage“ ass just fiir greisser Pannen. Natiirlech ass jiddereen stoen bliwwen a huet seng Hellef ugebueden … e Schlauch doheem an der Garage wiesselen ass mei liicht ewei bai 34° am Schied am Terrain.

Owes am Camp konnt ech dun engem Aaneren sain SeekerRaid retten, hien haat seng Kupplung verbrannt an ech haat nei Lamellen derbai. Do huet een deem Aaneren gehollef a knapps 1 Stgonn mi speit ass seng DR nees gelaaf. Sain Gesiichstausdrock wie ech him soot ech hatte eng „Ersatzkupplung“ derbai haett ech missten fotografeieren: vun kompletter Enntäuschung op laachen.

 

Landschaftlech woor et nach mei schein ewei Bosnien, mer sen vill iwwert „Scenic Tracks“ gefuer, mee och gesinn dat se die Strecken emmer mei fiir den groussen Tourismus viirbereeden. Emmer mei Deeler sen oder gin schons mat Macadam zougeluecht. Mee dat höllt awer naischt und er landschaftlecher Scheinheet … D’arrivée deen Daag woor zu Pluzine baim Séi, wonnerschein Geigend, met et sollt nach Besser kommen.

Mettwoch 24. Juli: vun Pluzine op Zabljak (Montenegro), 164 km

Den 3. Daag woor een vun den mei kuurzen waat km ugeet mee net zaitlech. Mer sen do erop an den Durmitor Nationalpark gefuer och nees iwwert Scenic Routes (wou ech och een Letzebuerger mat senger Jeep begeint hun). Landschaftlech einfach just WOW, Natuur pur, hannert all keier, Kopp e neien Panorama vun Landschaft die eng mei schein wie die aaner ass.  

 

Well ech mat Zaiten ukomm woor hun ech dunn profiteiert fiir gudd iessen ze goen, waat eng gudd Iddi, knapps am Restaurant gesiess ass en Donneerwieder eroofgaangen … et huet geschott ewei aus Eemeren 

Donnesden 25. Juli: vun Zabljak op Zabljak (Montenegro), 134 km

Die kiirzten Etapp (manner km wie geplangt well se kuurzfristesch hun missen emplangen). Hei goung et weider duerch den Durmitor Nationalpark, „e Bijou“ mei kann ech dozou net soen, do kann een all 500m stoen bleiwen fiir die immens Landschaft ze bewonneren. 

Mer sen ganz erop gefuer bis bai „Tara Canyon bridge“ an dunn wieder durch den Tara Canyon, deen ass plaatzeweis esou enk dat den GPS de Kontakt mat den Satelitten verleiert … mee wonnerschein.

 

Duerno goung et nawell stramm erop op d’Kopp, weinst dem villen Reen den Dag virdrun woor d’Piste erop nawell stark ausgewäsch an doduerch technesch fuerdernd. Mee die aal DR huet sech gudd erop gewullt an ech kann secher soen dat den Moto mei kapabel ass ewei den Pilot.

Uewen huet sech dunn nees eng 5-Staeren Landschaft ugebueden, Natur an hierer purster Form wou een 20km fueren kann an ausser engem Scheiffer a sengen Schoof/Geessen naischt begeint …. 

E speziellen Highlight deen daag woor d’Iessen bai lokalen Lei bei hinnen am Haff, hei kruute mer lokaal Sperialiteiten aus dem Montengero bis zum plazen … an den Hausmeeschten ass och mam Rakia an Slivovic komm, deen hun mer awer all just „geschmaacht“ well daat selwer gebrannten Geschiir haat nawell esou seng Prozent … 

Freiden 26. Juli: vun Zabljak op Foca (Bosnien), 177km

Den 5. Daag ass et dunn nees zereck an Bosnien gaangen. Landschaftlech nach emmer e Genoss iwwert die „scenic routes“ am Montenegro mat engem fatzeschegem Passage ganz gei erop kuurz virun der Grenz. Am Briefing den daag virdrun wooren mer „gewarnt“ gin an kruuten och d’alternative Route gesoot, mee nix da, die aal DR ass eropgaangen ouni Probleem. Esuguer missten an der Mett stoenbleiwen welle en virun mer haenke bliwwe woor. Do woor ech frou dat meng DR mei kuurz iwwersaat woor an konnt ouni laang Kupplungschlaifen nees ufueren … mee et woor gei, ganz gei!!

Duerno seng mer dunn nach e bessen staark zougewuessen „Singletrails“ gefuer die technesch awer net schweier wooren fiir herno iwwert gudd Beschwee’er am Basecamp unzekommen.

 

Samsden 27. Juli: vun Foca op Konic, 156 km

Den leschten daag vum SeekerRaid, mee och hei nach flott Landschaften an speziell Plaazen ugefuer. Do sen mer laanscht „Sandpyramiden“ gefuer, eng Gestengsformatioun wou ech dann och eng Paus gemeet hun fiir mer die mei genau unzekucken. 

E weideren „Highlight“ opd er Streck woor Lukomir, e kleng ganz oofgelee’ent Duerf wou et just 1 Streck get fiir dohinner an nees fort ze kommen. Landschaftlech nees immens flott, um Wee dohinner hun ech frailiewend, wëll Paerd begeint. Mee Duerf selwer woor ech seier nees fort well et ass schons zum Massentourismus muteiert, a Bosnien get gesoot dat „wanns de nach ni zu Lukomir woors da bass de kee Bosnier“ … naja, belleg Souvenir‘en (made in China) senn net esou Menges an dofiir woor ech do och seier nees fort.

 

Wieder goung et dunn iwwert fielseg, stengeg Pisten zereck Richtung Arrivée mee fiir mech net ouni Probleemer: 10 km viru Schluss ass Kettenschlass ewech gefuer … do haat ech schons gefaart ech geif et net packen ... mee ech haat den immensen Teamgeescht op deem raid vergies, eng Grupp Eistraicher haat een Ersatzschlass derbai an daat hun mer dun gemeinsam drugekniwwelt (well mer keen Ketten-nieter derbai haaten. Esou kontn ech dun main Seeker faerdeg fueren, och wann ech di läscht km gefuer sen wie op „rei’en Ee’er“.

Owes woor dun nach eng gemeinsam Oofschlossfeier bai enger Baach nierwend dem Hotel wou een di nei geschlossen Frendschaften genoss huet, an och gudd gelaacht iwwert die eenzel Erfahrungen and Messgelengen die jiddereen esou eennerwee haat. 

Fazit:

Fiir mech woor desen SeekerRaid eng “once in a lifetime” Erfahrung. Fiir mat menger aaler DR esou frai an legaal vill offroad koennen ze fueren an 2 Länner die landschaftlech immens flott sen an wou all die Leit mat deenen ech Kontakt haat och iwwerall frendlech wooren. Besonnesch gefall (an daat soot den Organisator esuguer selwer) haat mer den Equippengeescht deen oennert den Teilnehmer woor, och wann jiddereen fiir sech selwer oder senger Grupp gefuer ass, esoubaal een do stoung an Hellef gebraucht huet kruut en se. Daat gouf dunn owes baim Beier gereegelt mat vill Gelaachs an och mool gesondem Gestöppels, desen Spirit ass fiir mech nierft der Landschaft waat ech am Beschten waert en Erennerung haalen.

Vun der Organisatioun hier muss ech och soen dat Alles top professionnell waar, et wooren 4 Medizinesch Rettungsequipen all Daag um Parcours enenrwee (2 mat Jeep an 2 Secouristen mat Moto) an och 2 Gefierer mat Remorque fiir Depannage’en. Perseinlecht Gepäck gouf och vun der Organisatioun vun Basecamp zu Basecamp gefuer esou daat een am Daag „liicht“ ennerwee waar.

Fiir wien ass den SeererRaid? All dei di een offroad-tauglecht Motorrad hun waat virun 2000 gebaut gouf. Et wooren all d’Klassiker um Start Suzuki Dr, Honda XR,XL an Transalp, Yamaha XT, KtM LC4, BMW GS’en an esou wieder, am Ganzen wooren mer zu 90 Starter. 

Navigeiert gouf mat GPS, jiddereen kruut e puer Deeg virum Staart die eenzel GPX Dateien per email zougescheckt. Dofiir soll een och mat sengem GPS vertraut sen.
Wie et an der Beschreiwung op hierem Site steet muss/soll ee awer eng gewessen Offroad-Erfahrung matbrengen. Well et ass wie et op hierem Site steet „keine Kaffefahrt“.

Wieder Info’en an Umellung ass op hieren Site: www.seeker-raid.com, MEE et muss een sech seier bai maachen well dest Joer wooren d’Plaazen ganz seier vergraff (bannend enger halwer Stonn !!!).

E Video waert der och an den nächsten Wochen op mengem Youtube-kanal fannen: 

https://www.youtube.com/@KSAdventures72

Leave a reply