Balade à Arbre 2024

Sonndes, den 21 Juli, um Dag vum Belschen Nationalfeierdag, hat den VMCB op hiren alljärlechen Arbre à Cames-Tour invitéiert. Bei der dësjäereger 21. Editioun, déi ënnert enger neier Organisatioun ofgehalen ginn ass, waren och erëm e puer AMAL-Memberen mat vun der Partie.

Getraff gouf sech moies um 9h00 zu Arbre, enger klenger Uertschaft ongefeier 20km ewech vun Dînant, wou no engem Café-Croissant den Tour géint 10h00 fort gaangen ass. Eng Ronn 40 Maschinnen vun virun 1940 waren um Rendez-vous. Gefuer gouf no Roadbook  oder mat GPX Fichieren, esou dass all Mënsch méi oder wéineger fueren konnt, wéini an wei en wollt.

Op 128 km goung iwwert en schéinen Tracé duerch d ‘Ëmgéigend vun Dînant, dat ganzt mat zwee Arrêt Graissage an engem Mëttegiessen. Owes gouf sech erëm op där selwechter Plaz getraff, wou een ënner Gläichgesënnten den Dag konnt auskléngen loossen an sech op den Wee heem maachen.

D’AMAL seet den Organisateuren vun dësem flotten Event Merci an freet sech schonn op déi nächst Editioun.

D ‘Biller vum Dag fannt Dir an der Galerie ënnendrënner:

« of 27 »

Leave a reply