D'AMAL um Bikers Classic zu Spa Francorchamps

Den Martin an den Mikel haten och des Joer rëm vill Spaass vir op der Bikers Classics zu Spa/Francorchamps mat ze fueren. Och de Conny ass Sie besichen komm. Seng 2Takt Suzuki ass awer nach net fäerdeg, mee hie schafft elo un enger 350 TZ fir d’ nächst Joer mat ze fueren. Och dobäi waren de Paolo, ee Kolleeg aus Firenze, mat senger original Augusto Brettoni Laverda SFC an de Marcus op dem Martin senger Guzzi Daytona Dr. John.

De Martin hat fir dësen Event seng fuschnei Laverda SFC Replica geliwwert kritt. Hien hat awer ausser der Guzzi och nach seng Laverda Diecimila mat. De Mikel ass, wei meeschtens déi leescht Joren, een Tour mat der TT1 Replica gefuer. Haaptsächlech hat hien awer seng 1981 Mike Hailwood Replica am Asaz.

Wärend dem Mikel seng Motorrieder, wei meeschtens, ganz gutt gelaf sinn - et gouf ee puer klenger Probleemer mam Gaskabel an Vergaser - hat de Martin dëst Joer manner Gléck: D’Guzzi huet no zwee Leef mat enger defekter Kupplung missten opginn. D’ Dieccimila ass guer net vun der Platz komm, well sech beim Start och d’ Kupplung zerluecht huet. Déi nei SFC ass zwar gelaf, awer d’Maxton Gafel huet ee massive Problem gehat. Sie schafft eigentlech guer net an ass esou net ze fueren.

Den anere Problem war, dat d’Laverda SFC Replica mol fir d’ Éischt agefuer huet missten ginn, wat awer op engem Circuit net esou einfach ass. Déi eenzeg Méiglechkeet ass dann fir als Leschten eraus ze fueren an dann no 3 Tier erëm eran ze fueren, wann een iwwerronnt gëtt. Alles Aneres ass ze geféierlech.

Och dobäi waren den Angelo an de Giulio (säin Bouf) aus Spilimbergo. Den Angelo huet déi zwee Laverda’en vum Martin gebaut.

Enner dem Stréch war et awer erëm eng Super Atmosphär a mir sin op alle Fall, wei déi lescht 15 Joer, 2025 rëm dobäi. Classic Racing ass einfach dat gäilst!

Angelo, Martin, Giulio and Mikel

« of 33 »

Leave a reply